Présentation de TB Metal
Zënter 1991 sinn mir mam Stol bestuet - et ass e glécklecht Bestietnes, en éiwegt Liewen, 100% recycléiert an garantéiert ouni Scheedung. En Dram an eng Passioun déi mir mat Iech deelen wëllen.
Mir sinn e mëttelgrousst Familljebetrib um Maart fir speziell Stolproduiten, a Form vu Drot, Bänner oder och Réier. Mir sinn gewëllt all Är Uspréch z'erreechen, egal wéi eng Gréisst, Qualitéit oder déi gewënscht Iwwerfläch. Eist Zil ass mat Iech zesummen ze schaffen fir Léisungen ze fannen déi am beschten zu Äre Ufuerderungen passen.
Fir eis ass Service keng spirituell Iddi oder e Reklammsslogan - Service ass eis zentral Astellung an der mir all Dag liewen:
D‘Grondsteng vun eisem Service sinn Flexibilitéit, irreprochabel Qualitéit duerch ISO 9001 zertifiéiert an Anhale vun de versprachene Liwwerzäiten. All eis Produiten sinn op déi erfuerderlech Spezifikatiounen zertifiéiert.
Zousätzlech zu eisem Lager am Hafen vu Lëtzebuerg, hunn mir dank eisem Verkafsreseau, direkten Zougang zu de wichtegsten Stocken an Däitschland, Belsch, Frankräich an Italien. Wann Dir an Ärem Bannemaart eppes net fannt, benotzt eis international Relatiounen.
Och technesch erfuerderlech Ufroen ginn an enger iwwerraschender kuerzer Zäit veraarbecht. Wat méi komplizéiert d'Ufuerderunge sinn, ëmsou méi sinn mir verféiert...
-
ISO 9001 zertifiéiert
-
Flexibilitéit
-
Reaktivitéit
-
Technesch Kompetenz